Eise Wahlprogramm

Solidaritéit liewen:
Fir Fortschrëtt a Gerechtegkeet!

Hei kënnt Dir d’integral Versioun vun eisem Wahlprogramm am pdf eroflueden.

Fir eng oppen an inklusiv Gesellschaft

Solidaritéit ass d’Viraussetzung, fir datt Integratioun geléngt. D’LSAP wäert dofir suergen, datt jidderee seng Plaz an eiser Gesellschaft fënnt a sech fräi entfale kann.

Fir d’Stäerkung vun de Biergerrechter

Nieft enger Opwäertung vum Parlament fuerdert d’LSAP och méi eng staark Participatioun vun de Bierger un de politeschen Debatten an Entscheedungen.

Fir d’Wuel vun de Kanner

Famille mat Kanner musse vum Staat ënnerstëtzt ginn. D’LSAP wäert d’Kannergeld strukturell erhéijen an erëm reegelméisseg un d’Präisentwécklung upassen.

Fir eng gutt Schoulausbildung a Ganzdagsbetreiung

D’LSAP setzt op Qualitéit an der Schoulausbildung a Ganzdagsbetreiung; si wäert fir den Ausbau vu Betreiungsplazen antrieden an de Mangel un diploméierten Enseignanten ofbauen.

Fir Vollbeschäftegung a géint de Chômage

D’LSAP setzt op Vollbeschäftegung a wäert alles drusetzen, de Chômage-Taux op ënner 4 Prozent ze reduzéieren.

Fir d’Upassung vum Aarbechtsrecht un d’Digitaliséierung

D’LSAP wäert dofir suergen, datt d’Aarbechtsrecht un eng digital Aarbechtswelt ugepasst gëtt; d’CDIe mussen hei zu Lëtzebuerg och weiderhin d’Reegel bleiwen.

Fir d’Verkierzung vun der Aarbechtszäit

De Produktivitéitsgewënn muss gerecht verdeelt ginn. D’LSAP fuerdert eng allgemeng Reduzéierung vun der Aarbechtszäit op 38 Stonnen, bei vollem Lounausgläich, an e Recht op Deelzäitaarbecht.

Fir en inklusive Wuesstemsmodell

D’Wirtschaft muss am Déngscht vun de Mënsche stoen. Mir brauchen en inklusive Wuesstemsmodell, dee gutt a sécher Aarbechtsplaze schaaft an de Wuelstand gerecht verdeelt.

Fir bezuelbare Wunnraum

D’LSAP steet fir eng echt Wunnengsbauoffensiv a wäert d’Baulandspekulatioun bekämpfen an d’Uschafe vu Bauland duerch d’ëffentlech Hand konsequent fërderen.

Fir méi eng gerecht Verdeelung vun eisem Räichtum

D’LSAP wäert de Mindestloun fir den 1. Januar 2019 ëm 100 Euro netto eropsetzen an dofir suergen, datt all Mënsch vu sengem Akommes liewe kann, ouni Sozialhëllef ufroen zu mussen.

Fir méi Steiergerechtegkeet

D’LSAP wäert fir méi Steiergerechtegkeet suergen an de Mindestloun vun der Akommessteier befreien. Och bei der TVA trëtt d’LSAP fir Steiererliichterungen an.

Fir sécher Renten

D’LSAP wäert un de Grondlage vun eisem gesetzleche Rentesystem festhalen. Mat der LSAP gëtt et weder Rentekierzungen nach en Eropsetze vum Rentenalter.

Fir eng zäitgeméiss sozial Ofsécherung

D’LSAP wäert dofir suergen, datt all Versécherten – onofhängeg vu sengem Krankheetszoustand a senger finanzieller Lag – Zougang zur selwechter medezinescher Versuergung huet.

Fir eng optiméiert Noutfallversuergung

D’LSAP wäert d’Noutfallversuergung an de Spideeler entlaaschten an déi onnéideg Waardezäite verkierzen, fir datt all Patient bannent 2 Stonne vun engem Dokter versuergt ka ginn.

Fir en aktive Klima-, Ëmwelt- an Déiereschutz

D’LSAP wäert d’Energieeffizienz eropsetzen an alternativ Energien fërderen. D’LSAP wäert och Plastikverpackunge verbidden an den Déiereschutz verstäerken.

Fir den Ausbau an d’Gratuitéit vum ëffentlechen Transport

D’LSAP wäert d’Schinnenetz weider ausbauen, de Verkéier reduzéieren, d’Mobilitéit verbesseren an den ëffentlechen Transport gratis ubidden.

Fir e staarkt a solidarescht Europa

D’LSAP wëll déi sozial Dimensioun an Europa stäerken an trëtt fir eng staark a solidaresch Unioun an, déi Friemenhaass, Intoleranz a Rietsextremismus aktiv bekämpft.

Fir d’Mënscherechter, de Weltfridden an e fairen Handel

D’LSAP setzt sech fir Mënscherechter, Fridden, Entwécklungshëllef an a faire Welthandel an, dee sozial Entwécklung fërdert an d’Liewensgrondlagen an de betraffene Länner schützt.